Pädagogisches Angebot
19.03.2020 veröffentlicht von sichtbar für Gäste
Och an Zäiten vunn Covid-19 gëtt d'Crèche net vergiess. Fir dass mir herno nees gutt kënne starten hunn mir schon puer Projeten zesummengestallt. Dës sinn un d'Kanner ugepasst an sinn och ganz ofwiesselungsräich. Bis elo hu mir 7 Projeten geschriwwen an flott Aktivitéiten rausgesicht. Et ass fir all Beräich ëppes dobai an d'Kanner kënnen och beim eraussichen hëlefen.
Mir hunn :
- Fréijor
- Musék an Danz
- Summer
- Aquarium
- Sensorik
- Zoo
- Natur a Beweegung.
an de Projeten fënnt een Bastelaktivitéiten, Lidder an Dänz, déi hir Sprooch fërderen, hir Konzentratioun an Kréativitéit.
Fir d'Kanner gëtt et do vill ze entdecken an et sinn Themen déi si interesséieren.
Duerch beobachten ass zb d'Iddi vum Projet iwwert den Zoo komm. D'Kanner hunn sech ganz vill mat engem Buch aus eisem Lieseck beschäftegt wou dëst Thema firkënnt.
»
Weitere Informationen